Marius Kohl

De Marius Kohl, gebuer 1952 zu Esch-Uelzecht, ass e fréiere Fonctionnaire vun der Lëtzebuerger Steierverwaltung. Hien huet do 37 Joer geschafft a war 22 Joer bis zu senger Pensionéierung de Chef vum Bureau Sociétés 6 am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Do huet hien Dausende vun Demanden traitéiert vu Firmen, déi vun him e virgezunnenen Accord iwwer Steieren, e sougenannten tax ruling, kréie wollten. Hien hat dann och de Spëtznumm Mister Ruling. Dës Accorde waren dacks iwwer komplizéiert Konstrukter vu Bréifkëschtefirmen, déi drop erausgelaf sinn, datt déi Firmen, trotz Milliardenëmsaz, just e minimale Prozentsaz u Steieren hu misse bezuelen.

Besonnesch an den Dokumenter, déi weltwäit am Kader vun der LuxLeaks-Affär bekannt gemaach an an der Ëffentlechkeet debatéiert goufen, daucht säin Numm ëmmer nees op.[1]

De Wall Street Journal, deen en doheem a senger Kiche besicht hat, zitéiert e mam Saz: "Wat ech gemaach hunn, war sécher gutt fir mäi Land, wann och net grad fir seng Reputatioun."[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Kuckt z. B. Ärger im Steuer-Märchenland. Süddeutsche Zeitung, 6. November 2014; Deutsche Bank: Gewinne fließen um den Globus, NDR, 6. November 2014
  2. Business-Friendly Bureaucrat Helped Build Tax Haven in Luxembourg, Wall Street Journal vum 21. Oktober 2014

Developed by StudentB